Bridge-Fotoapparat
Ausgesinn
![](https://cdn.statically.io/img/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/1/1c/Bridge_SONY_DSC-F717.jpg/402px-Bridge_SONY_DSC-F717.jpg)
De Bridge-Fotoapparat stäipt sech op e Konstruktiounsprinzip, bei deem de Produzent probéiert, eng "Bréck" ze schloen tëscht dem Spigelreflex-Fotoapparat an dem Kompakt-Fotoapparat. De Begrëff gouf 1988 fir d'éischt gebraucht fir de Modell Samurai vun der Firma Yashica. De Prinzip gouf vum Klengbildfilm op den Digitale Fotoapparat mat eriwwergeholl.
Well beim Bridge-Fotoapparat d'Objektiv fest um Boîtier ass, an dowéinst net ka gewiesselt ginn, kucken d'Produzenten de Zoomfacteur ëmmer méi grouss ze bauen.